Wollef nees do: Wat sinn d’Konsequenzen?

print

No iwwert 120 Joer schéngt et, ewéi wann de Wollef sech zu Lëtzebuerg erëm nidderléisst. An der Gemeng Wëntger, der Heemecht vum Jeff Engelen, gouf rezent nees e Wollef op oppenem Feld gesinn. Dofir freet den ADR-Nord-Deputéierten dann och d’Regierung, wéi eng Konsequenzen dës nei Tatsaach mat sech zéie wäert – besonnesch och am Hibléck op d’Schofs- a Geessebesëtzer, déi elo ee fir d’Véi geféierleche Konkurrent kruten.