Wirtschaftlech Pläng mat Sécherheetsfroen
De PNED ass e Projet vun e puer Ministeren a Fuerschungsinstituter, fir verschidden Datebanken ze verknäppen an doraus intressant Donnéeën ze filteren. Dës solle wirtschaftlech genotzt, also verkaf, kënne ginn, an dat iwwert d’Grenze vu Lëtzebuerg eraus. Och d’Date selwer sollen zu Lëtzebuerg an am Ausland kënne gesammelt ginn. Wat den Dateschutz an de Schutz vun der Privatsphär ugeet, ass d’PNED-Plattform selwer zoustänneg. De Fernand Kartheiser ass skeptesch a fuerdert an enger parlamentarescher Fro, datt Bierger kënnen hir Daten aus deem Projet eraushalen an datt si am Virfeld sollen esou genee wéi méiglech, och individuell berode ginn.
Fro
An der Press gëtt de 24. Abrëll de PNED (plateforme d‘échange de données nationale) annoncéiert, an zwar als wirtschaftlechen Interesseverband. Dës Plattform offréiert Zerwisser zu Lëtzebuerg an iwwer Lëtzebuerg eraus mat Daten, déi zu Lëtzebuerg an iwwer Lëtzebuerg eraus gesammelt goufen. Besonnesch de Wirtschaftsministère schéngt ze hoffen, datt sech Clienten an de Beräicher Mobilitéit, Logistik, Weltraum a Landwirtschaft fannen. De Projet, deen elo op d’Been gesat gouf an deen och Date vum Health Data Hub soll integréieren, werft eng Rëtsch Froen op:
- D’PNED-Plattform selwer soll, laut Press (Paperjam vum 24. August), op legal Zwäng oppassen. Allerdéngs sinn d’Technologien, déi aus der Verknäppung vu villen ënnerschiddlechen Datebanken an Datamining-Software, entstane sinn, esou performant, datt Anonymitéit nëmmen nach e vage Begrëff ass an aus manner sensibelen Donnéeën, déi online ze fanne sinn, haut schonn individualiséiert Bréiwer kënne gezu ginn. Wéi gesäit d’Regierung hei d’Gefor vum gliesene Bierger op Grond vun a priori vertrauleche Regierungsinformatiounen?
- Ass bei der Komplexitéit vun der Technologie an de quasi onendleche Recherche- an Data-Mining-Méiglechkeeten iwwerhaapt eng juristesch Garantie méiglech, datt dem Bierger seng Privatsphär onverletzt bleift?
- Ass beim Zougrëff op ënnerschiddlech Regierungs-Datebanken iwwerhaapt drun ze denken, datt dës Donnéeë kéinten anonym bleiwen, wa wierklech intensiv gekuckt gëtt?
- Wär et an deem Moment net opportun, all Lëtzebuerger Resident verschidden Optiounen ze offréieren, an zwar
- en totalen Opt-Out aus deem ganze Projet,
- e partiellen Opt-Out aus eenzelen Datebanken (oder eng gezilt Erlabnis, wat fir Donnéeën de PNED däerf notzen)
- d’Méiglechkeet zu all Moment einfach an transparent ze verlaangen, datt Donnéeën, déi sech op déi eege Persoun bezéien an am PNED genotzt goufen, musse geläscht ginn.
Vu datt déi mannste Leit sech eng Virstellung dervu kënne maachen, wat fir aussergewéinlech Recherchefäegkeete modern Computer-Technologie duerch d’Verknäppung vun Datebanken huet, ass dru geduecht ginn, de Bierger esouwuel ëffentlech wéi individuell iwwert de Projet do ze informéieren?
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden