Dënschdeg, 18. Abrëll 2017
Wien huet déi meeschte Beem geschloen?
De Fernand Kartheiser huet eng parlamentaresch Fro gestallt, fir e Verglach ze kréien, wéini wéi vill Beem bei Bauaarbechten ëmgeluecht gi sinn a wéi dee Verloscht kompenséiert gouf. Hien hätt déi Opstellung gär fir déi zwou lescht Legislaturperioden. Am nämmlechte Kontext huet den ADR-Deputéierten nogefrot, wéi a wou Fiichtgebidder, déi ewechgemaach ginn, kompenséiert gi sinn.
- Wéi vill Beem goufe wéini ëmgeluecht, freet de Fernand Kartheiser.
- Dem Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur seng Äntwert dozou.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden