Dat neit Archivgesetz ass e gudden Usaz fir Verbesserungen am Archivwiesen, allerdéngs ginn et nach verschidde Punkten, déi net beduecht oder net zu Enn geduecht gi sinn.

Sou wier wéinst schlechte Lagerbedéngungen a Plazmangel en Neibau vun den Archiven dréngend noutwenneg. Ausserdeem leit d’Archivwiesen ënnert enormem Mangel u Fachpersonal, deen duerch déi nei Plazen, déi fir d’Nationalarchiv virgesi sinn, nach net behuewen ass. A fir eng adequat Qualifizéierung vum Personal ze sécheren, ginn déi Coursen um INAP (Institut National d’Administration publique) leider net duer. Desweidere wier eng Offer vum Staat sënnvoll, fir d’Gemenge bei der Preservatioun vun hiren Archiven ze beroden an ze ënnerstëtzen.

De Bibliothekären no wier et och néideg, dat ze strengt Bibliothéiksgesetz ze reforméieren. De Budget an d’Fërdergelder  ass ze iwwerdenken, d’Lëtzebuerger Fonge musse prioritär behandelt ginn an d’Komplementaritéit tëscht de Bibliothéike soll méi kloer festgestallt ginn.

Dëst sinn d’Haaptpunkten, déi d’ALBAD (Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten)  vertrëtt an déi si eis den 19. Februar an enger intressanter Entrevue mat hinne virgeluecht hunn.