De Beruffsverband vun den Aide-Soignanten mécht sech Suergen ëm d’Zukunft vun dësem wichtege Beruff. De Fred Keup an de Jeff Engelen froen den Ausbildungsminister an d’Gesondheetsministesch:

Fro:

D’Aide-Soignanten hu wärend der Pandemie wäertvoll Déngschter fir eist Land a seng Bierger geleescht. Si sinn e wichtege Bestanddeel vun eisem Gesondheetswiesen. Wann een awer um Internetsite vun MEN nokuckt, fir Informatiounen iwwer déi ugestriefte Reorganisatioun vun den Ausbildunge fir Gesondheetsberuffer gewuer ze ginn, stellt ee fest, datt de Beruff vum Aide-Soignant do quasi inexistent ass. Dobäi kënnt, datt, wéi een an engem Artikel am tageblatt vum 28.11.2022 („Wat geschitt mam Beruff vum Aide-Soignant?“) noliese kann, datt an de Klinicke lo scho bal keng Aide-Soignante méi agestallt ginn, well d’Infirmièren d’Responsabilitéit fir déi medezinesch Handgrëffer vun den Aide-Soignanten iwwerhuele mussen. Et schéngt den Aide-Soignante keng Eegeverantwortung méi zougetraut ginn.

An deem Kontext hu mir folgend Froen un d’Regierung:

  1. Wéi eng Mesuren ergräift d‘Regierung, fir de Beruff vum Aide-Soignant besonnesch bei de Jonken ze promouvéieren?
  2. Kann d’Regierung confirméieren, datt bei der Reorganisatioun vun den Ausbildunge fir Gesondheetsberuffer och de Beruff vum Aide-Soignant mat consideréiert gëtt? Wann net, wie soll d’Aarbecht vun den Aide-Soignanten um Terrain iwwerhuelen?