Wéi eescht hëlt d’CSV de Referendum?
Beim Thema Auslännerwalrecht hat d’CSV 2015 keng kloer Positioun. Elo denkt de nei gewielten CSV-President Fränk Engel doriwwer no, wéi en dës Positioun ënnergruewe kann: Et kéint ee jo a Betruecht zéien, datt och Leit kënne wiele goen, déi fënnef Joer am Land sinn an d’Lëtzebuerger Sprooch beherrschen. Och an deem Punkt fiert d’CSV keng kloer Linn: Viru kuerzem nach huet d’Sprooch keng wichteg Roll bei der CSV gespillt: Och een, deen 20 Joer am Land wunnt a kee Wuert lëtzebuergesch schwätzt, soll d’Nationalitéit kënne kréien. Den CSV-President huet deemno net wëlles, den Nee zum Auslännerwalrecht, fir deen sech 2015 80 Prozent vun de Lëtzebuerger ausgeschwat hunn, ze respektéieren – kaum verwonnerlech, wann ee bedenkt, datt de Fränk Engel sech schonn an der Vergaangenheet konsequent dofir agesat huet, d’Nationalstaaten zu Gonschte vun engem europäeschen Zentralstaat opzeléisen.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden