
©Shutterstock
Donneschdeg, 08. Mäerz 2018
Wéi steet d’Regierung zum „Comité pour une paix juste“?
Eng onkamoud parlamentaresch Fro ass eng éischt Reaktioun vum Fernand Kartheiser op de „Comité pour une paix juste au Proche-Orient“. Dës Organisatioun huet den ADR-Deputéierten op d’Geriicht geholl, wéinst Aussoen, déi hien un der Chambers-Tribün gemaach huet. Dem Fernand Kartheiser seng Fro gräift Theme vu senger deemoleger Ried op a freet d’Regierung Stellung ze huelen – et geet ëm d’Justifizéiere vu Gewalt géint israelesch Zaldoten, déi de Comité a senger Charta stoen huet, an ëm d’eesäiteg an onkomplett Vue vun dëser ONG, déi och Konferenzen hält oder organiséiert an a Lëtzebuerger Schoulen optrëtt. An et geet ëm hir Finanzéierung, well si jo Sue vun der Lëtzebuerger Regierung kritt.