Diskussioune gouf et iwwert d’Roll vum Sportskommissär. Hie sollt no neie Reegele rekrutéiert ginn a sech och net méi missen ëm de Schoulsport këmmeren, wann et nom Sportminister geet. Duerfir hunn d’ADR-Deputéierte Jeff Engelen a Fred Keup eng Fro un den Minister Kersch gestallt, wou si gäre Prezisiounen iwwert d’Pläng vum Sportministère hätten.