
©Shutterstock
Mëttwoch, 23. Februar 2022
Wanteraktioun net ausgelaascht: firwat dat?
D’Wanteraktioun soll Leit ouni feste Wunnsëtz hëllefen, iwwert déi kal Wanterméint ze kommen. Een deen op der Strooss schléift, ass bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt, a Liewensgefor. D’Raimlechkeeten fir d’Wanteraktioun wiere grouss genuch, hat déi zoustänneg Ministerin gesot. De Fernand Kartheiser an de Fred Keup loossen dat iwwert eng parlamentaresch Fro net op sech berouen.