No de rezente Verknaschtunge vun Uelzecht, Sauer a Koar war an der Chamber dowéinst eng Aktualitéitsstonn aberuff ginn. D’ADR fuerdert datt d‘Kläranlagen sécherheetstechnesch solle nogerüst ginn an d’Rettungsdéngschter sollen sou ausgerüst ginn datt all Waasser-Pollutioun am Land adequat ka bekämpft ginn. Generell misste méi budgetär Mëttelen agesat ginn fir de Waasserschutz ze verbesseren.

De Fernand Kartheiser fuerdert en Inventär vun all eise Waasserleef.(Video: 02’27“)