Virwërf géint d’Lëtzebuerger Regierung

print

An engem rezenten Artikel vu Luxembourg Times liest een, datt d’EPPO (European Public Prosecuter’s Office) der Lëtzebuerger Regierung reprochéiert, net enk genuch mat dëser wichteger EU-Institutioun zesummenzeschaffen. De Gabriel Seixas, Vertrieder vu Lëtzebuerg bei dëser Institutioun, reprochéiert eiser Regierung, déi Lëtzebuerger Strofprozessuerdnung bis elo net un d’EU-Reglement iwwer d’EPPO ugepasst ze hunn. Wéi steet d’Justizministesch zu dëse Virwërf?