
Freideg, 24. Abrëll 2020
Virtuell ADR-Presskonferenz iwwert de Volet Justiz vun der Verfassungsreform
De Volet Justiz am Kader vun der Reform vun der Verfassung muss an eenzele Punkten onbedéngt nogebessert ginn, dat fuerdert den Deputéierte Roy Reding. D’Propositioun vum CSV-Deputéierte Léon Gloden géif net wäit genuch goen. Eng onofhängech Justiz ka nëmme bestoen wann d’Riichter an de Parquet kloer vunenee getrennt sinn, dat ass dann och déi wichtegst Fuerderung vun der ADR.
- De Roy Reding mat der Haptfuerderung vun der ADR. (Video: 0’27“)
- Hei fann Dir déi ganz virtuell Presskonferenz vum Roy Reding, mat de Froen vun de Journalisten, Eric Ewald vun RTL a Serge Kesseler vum Radio 100,7. (Video: 19’39“)
- Schrëftlech ADR-Propositioune vum Volet Justiz am Kader vun der Verfassungsreform.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden