Den 18. Mee huet de Schoulminister dat neit Unterrechtsfach Digital sciences virgestallt, dat an den ënneschte Klasse vum Secondaire classique a général agefouert wäert ginn. De Ministär deelt am Hibléck op dës Neierung mat: „Les digital sciences seront enseignées dans les trois langues véhiculaires pour mieux respecter les compétences linguistiques des élèves et des enseignants.“ Mee wéi gesäit dat konkret an der Praxis aus?