Tribune Libre: Wéi gutt ass Lëtzebuerg opgestallt fir d‘Zukunft?

print

[ca_audio url=“https://old.adr.lu/wp-content/uploads/2013/05/20130429-ADR-Jeff-ENGELEN.mp3″ width=“500″ height=“27″ css_class=“codeart-google-mp3-player“]

Léif Nolauschterer,

Wéi gutt ass Lëtzebuerg opgestallt fir d‘Zukunft?

Vill Froe stinn hei am Raum, dëst speziell am Hibléck op d‘Zukunft van eise Kanner.

De Fazit ass : Déi finanziell an déi wirtschaftlech Zukunft vum Land maachen engem grouss Suergen.

D’Haaptsuerg vun de Leit ass d’Erhalung vun den Aarbechtsplazen an d’Sécherung vun eise Sozialsystemer.

Dat alles ass den A an O vun all Existenz.

Do derbäi lafen d’Staatsfinanzen aus dem Rudder a mir verlageren dës Hypothéik op eis Kanner a Kandskanner, dat kann net sinn.

Musse mer net an ville Beräicher vu Grond op ëmdenken? Ech denken do z.B. un de Chômage, dee permanent klëmmt.

Wär et net méi logesch, mir géifen d’Basis vum Problem anescht opstellen? Eis Leit fanne keng Aarbecht, déi hire Kapazitéiten entsprécht. Ma da loosse mer dat emol maachen, wat eis Pappen a Grousspappe grandios gemaach hunn, schliisslech hu grad si eist Land zum haitege Räichtum gefouert. Déi sougenannte Lëtzebuerger Betriber bleiwe lues awer sécher op der Stréck. Misst een net ëmdenken a grad dës Betriber am Klenge förderen amplaz hinne permanent Knëppelen an d’Féiss ze leeën.

Dës Betriber si standuerttrei a garantéieren Aarbecht fir eis Leit.

Ee Beispill: Lëtzebuerg kritt sech net méi selwer erhalten, wat d’Grondnahrungsmëttelen ubelaangt. Hei importéiere mer 430 000 000 € a Liewensmëttel, wat awer zu engem groussen Deel och selwer hei am Land kéint hiergestallt ginn. Firwat net z.B. op dee Wee goen.

Fir dëst awer kënnen ze garantéieren, mussen d’Konditioune vun der Stee ëmgebaut ginn, dat heescht, op den Importer aus sougenannten Drëttlänner muss eng Sozial- an Ëmweltausgläichstax kommen, déi dem Hierstellungsland Rechnung dréit. D’Leit selwer an dëse Länner ginn jo just op der Däiwel komm eraus ausgebeut, ouni Sozial- an Ëmweltgarantien, awer dat grousst Geld zitt de Kapitalismus an.

Eng Rei Déngschtleeschtungsbetriber kommen zwar op Lëtzebuerg, mä duerch e schlechte Bildungssystem hu mer dann och nach net déi néidig Fachkräften hei am Land, déi mer dann erëm mussen importéieren. Dobäi muss een och bedenken, datt dës Konzerner nëmmen esou laang zu Lëtzebuerg bleiwen, ewéi d’Interessi vun hire Finanze garantéiert ass.

Mir mussen ëmdenken, ob mer wëllen oder net: mat dësem System gi mer esou arem ewéi Job an d‘Zukunft vu Lëtzebuerg ass a Fro ze stellen. Léiwer elo, ewéi an e puer Joer gezwongen.

Bäitrag vum Jeff Engelen, President vum Bezierk Norden, gesent op RTL an 100,7 e Méindeg den 29. Abrëll 2013