D’EU huet annoncéiert, datt si wëll an Nopeschlänner vun der Ukrain ukrainesch Zaldoten ausbilden. An enger parlamentarescher Fro mécht de Fernand Kartheiser op méiglech Geforen vun esou enger Approch opmierksam.

 
Den Här Josep Borrell huet ugekënnegt, datt d’EU plangt, e militäreschen Trainingsprogramm  fir ukrainesch Zaldoten a Nopeschlänner ze organiséieren. Dat huet de Chef vun der europäescher Baussepolitik anscheinend den 22. August an der spuenescher Stad Santander annoncéiert. An deem Kaderwéilt ech der Regierung dës Froe stellen:

  1. Ass d’Ukrain oder sinn d’USA un d‘EU erugetrueden, fir esou e Programm op d’Been ze stellen? Vu wiem ass déi Initiativ ausgaangen? Wéi soll dee Programm finanzéiert ginn? Wéi eng Envergure soll en hunn a wéi laang soll en daueren?
  2. Wéi eng Roll géing Lëtzebuerg am Kader vun esou engem Programm iwwerhuelen?
  3. Wéi eng Roll sollen déi europäesch Institutiounen an Organer dobäi iwwerhuelen a wéi eng rechtlech Grondlagen hu si heifir? Wéi eng Arméien schaffen dee Programm aus, wéi eng setzen en ëm? A wéi engem Gremium ginn déi Aarbechte gemaach?
  4. Groussbritannien, Kanada an d’USA bidden eises Wëssens schonn Ausbildungsprogrammer fir ukrainesch Kämpfer. Wär et net méi sënnvoll esou en Ausbildungsprogramm vun der Nato koordinéieren ze loossen, amplaz elo nach eng véiert Zort Ausbildung op d’Been ze stellen? Oder soll déi europäesch Initiative méi eng spezialiséiert Ausbildung fir eng besonnesch Zort Truppe sinn?
  5. Ass et politesch sënnvoll d’EU nach weider ze militariséieren?

D‘Geschicht weist, datt militäresch Beroder an Ausbilder dacks e weidere Schrack an enger verhängnisvoller Verwécklung an e Konflikt waren, déi dobäi mol net onbedéngt beabsichtegt war. Wéi schätzt Lëtzebuerg dës Gefor an? Ass esou en Trainingsprogramm net eng wieder Verwécklung a Richtung vun enger oppener Krichsbedeelegung vun eisem Land?