Mëttwoch, 15. Juli 2015
Staatsrot: De Gast Gibéryen klappt op d’Kameraderepublik
Dräi Kandidate fir e Staatsrotsposte goufen de 14. Juli an der Chamber ernannt. D’ADR huet sech aus Protest géint déi ondemokratesch Prozedur enthalen. Déi dräi grouss Parteien an Déi Gréng verdeelen déi Plazen nämlech ënner sech. Den ADR-Deputéierten huet drun erënnert, datt an der Regierungserklärung eng Reform vun der Prozedur versprach gouf: Dës ass allerdéngs schonn iwwer e Joer iwwerfälleg.
A well dat do schonn esou laang Thema vun der ADR ass, war de Gast Gibéryen richteg queesch.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden