Schluss mat der kaler Progressioun!

print

Zu Lëtzebuerg ginn d’Paien als engem vun zwee Länner op der Welt, automatesch un d’Inflatioun ugepasst. Wann d’Liewe méi deier gëtt, kritt och de Salarié eng Kompensatioun, fir, datt säi Liewensstandard erhale bleift. Sou déi offiziell Duerstellung. A Wierklechkeet profitéiert awer net de klenge Mann vun dëser Reegelung, mee an éischter Linn de Staat. D’Steiertabelle ginn nämlech net mat indexéiert, sou, datt de Lounausgläich als Erhéijung gerechent gëtt. Déi lescht entspriechend Upassung geet scho bis an d’Joer 2009 zeréck. De Patron mécht en Effort fir seng Mataarbechter, mee d’Sue kasséiert de Staat. Plangt d’Regierung eng Ännerung vun dësem skandaléisen Zoustand?