Méindeg, 04. Mee 2020
Scheedung: méi komplizéiert a méi deier
De Roy Reding gesäit an der Reform vum Scheedungsgesetz „par consentement mutual“ vum viiregte Justizminister eng Verschlechterung. D’Scheedung gëtt méi komplizéiert a méi deier, seet hien an als fréieren Affekot, weess den ADR-Deputéierte vu wat hie schwätzt. Duerfir freet hien d’Regierung, ob si wëlles ass, déi negativ Auswierkunge vun hirem Gesetz, wat eigentlech de Konträr wollt bewierken, zeréckzehuelen.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden