Donneschdeg, 01. September 2022
Russland, Sanktiounen, Energiepolitik, Index: den Tëppelchen op den „i“
D’Situatioun zu Lëtzebuerg, wat Energiepräisser a Liewenskäschten ugeet spëtzt sech zou. Dat erklärt vläicht, firwat de FErnand Kartheiser haut de mueren eng Grëtz manner diplomatesch wéi gewinnt, d’EU-Sanktiounspolitik an eis Regierung kritiséiert huet. Als Gaascht vun der RTL-Redaktioun huet hie kee Blat virun de Mond geholl an eng ganz Rei Wourechte gesot – hei nëmmen e puer erausgepickt:
- d’EU-wäit Sanktioune beim Ukrainkrich treffen d’Europäer méi wéi d’Russen a sinn onwierksam;
- de Krich an der Ukrain muss esou séier mat Verhandlunge gestoppt ginn;
- d’Regierung muss mat enger Verlängerung vum Tankrabatt an weidere Moossnamen dem Bierger hëllefen iwwert dëst Zäit ze kommen;
- den Index muss bäibehale ginn, an d’Entreprisen, déi en ze bezuelen hunn, musse gehollef kréien;
- den Tanktourismus ass eng wichteg Stäip vum Lëtzebuerger Budget a soll et bleiwen;
- d’Energiepolitik ka sech net ideologesch an exklusiv op erneierbar Energie stäipen, mee muss sécher a bezuelbar sinn an däerf och wa néideg mat Atomkraaftwierker fueren.
Vun dëser éierlecher Interventioun ass all Sekonn derwäert nogelauschtert zeginn – RTL – Invité vun der Redaktioun (1. September) – Fernand Kartheiser: Sanktioune géint Russland „si sënnlos“ an „erreechen hiert Zil net“
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden