Fir den 10. Maërz ass an der Chamber d’Ried zur Lag vun der Natioun virgesinn. Chamber TV diffuséiert duerno eng Table ronde mat Vertrieder vu 4 Parteien. D’ADR gouf net invitéiert fir un där Diskussiounsronn deelzehuelen an huet dowéinst e Bréif un de Chamberpresident adresséiert. Der ADR no mussen all d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, zu Wuert kommen!