Donneschdeg, 13. Dezember 2018
Regierungserklärung: Trotz aller Kritik, bonne Chance!
D’Regierungserklärung vu Gambia2 huet déi éischt Chamberswoch bestëmmt. D’ADR huet zwee Riedner erausgeschéckt fir sech mat dem Dossier ze befaassen. De Gast Gibéryen an de Fernand Kartheiser. Eis Partei profitéiert heibäi dovun, datt si als „Groupe technique“ (mat de Piraten) méi Riedzäit huet. D’Conclusioun vum Gast Gibéryen ass kloer: Et steet villes an der Regierungserklärung, mee … Esou datt säi „Bonne Chance“ um Schluss vun der Ried vläicht e bëssen ironesch klengt.
- Dem Gast Gibéryen säi Bäitrag zur Debatt iwwert d’Regierungserklärung (Video, 32’18“)
- De Fernand Kartheiser setzt nach aner Schwéierpunkten (Video, 27’06“)
Am Detail ass de Gast Gibéryen ënnert anerem agaang op
- d’Verhältnis vu Gambia2 zu Zuelen, déi si der Chamber virleet oder net (Video, 2’12“);
- d’Wuesstemsfal, déi guer net vu Gambia2 thematiséiert gëtt (Video, 2’42“);
- den Zoustand vun de Staatsfinanzen (Video, 2’14“);
- d’Geheimnis vun der nächster Steierreform (Video, 1’29);
- d’Geheimnis ronderëm den Diesel an de Mindestloun (Video, 2’39).
Dem Fernand Kartheiser säi ganzen Riedufank (ab 3’42“) ass en dréngleche Plädoyer fir Ethik a Famill …
- Ugefaang huet den ADR-Deputéierte mat zolitter Kritik un der CSV, déi eréischt Gambia2 erméiglecht huet (Video, 1’06“).
- Hien erënnert d’Regierung awer och drun, respektvoll an hirem Ëmgang mam Parlament ze sinn (Video, 1’26“)
- an ënnersträicht nach eemol d’Antriede vun der ADR fir d’fräi Entscheedungsméiglechkeet vun der Famill (a vum Bierger) (Video, 1’32“).
- De fréiere Botschafter plädéiert och fir eng diplomatesch Diplomatie (grad bei Länner, wéi Éisterräich, déi vill Lëtzebuerger Studente beviirzugt ophuelen (Video, 1’02“).
- Konsequent geet et viru mat Kritik un der Europapolitik vu Gambia2 (Video, 1’20),
- un der Integratiounspolitik an (Video, 0’20“)
- un der Schoulpolitik (Video, 1’23“).
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden