Eent musse mir der Gambia-Regierung loossen: Si bleift sech konsequent an hëlt a Saache Logement ëmmer nëmmen Decisiounen, déi d’Wunne méi deier maachen. Dat war schonns de Fall, wéi si d’TVA op Mietwunnenge vun 3 op 17 % (!) eropgesat huet a sech da wonnert, datt d’Loyeren erop ginn. O Wunder der Ökonomie: Elo huet de Minister Kox e grousse Worf a Saache Mietwunnengen ugekënnegt an eraus koum een Text, dee weder de Proprietären, nach de Locatairë wierklech eppes bréngt a leider näischt un der akuter Wunnengsnout ännert. Dës „Reförmercher“ hu mir schonns am Detail analyséiert a kritiséiert. Wat géif d‘ADR konkret anescht maachen?

  1. Dofir suergen, datt d‘Loyere bezuelt ginn

Vill Leit sinn op hire Revenu aus de Mietwunnengen ugewisen, sief et, well si selwer e Prêt musse rembourséieren oder well dëst Akommes fir si wichteg ass, zum Beispill fir hir Rent opzebesseren. Locatairen, déi net bezuele kënnen, solle fir d’éischt mol gehollef kréien! Locatairen, déi an d‘Labrente kommen (z.B.duerch de Verloscht vun der Aarbecht) mussen direkt sozial ënnert d’Äerm gegraff kréien an de Loyer eng Zäit laang vum Office social bezuelt kréien, ausser natierlech et fënnt sech eng Wunneng zu engem abordabele Präis, wou deejéinege Locataire hi plënnere kann – sozial Immobilienagence, Wunnraum, deen der Gemeng oder dem Staat gehéiert.

De Proprietär muss sengersäits dem Locataire, deen de «mauvaise foi» ass a säi Loyer net bezilt, mëttels enger verkierzter Prozedur säi Kontrakt geriichtlech opgeléist kréien. Mir proposéieren och, datt dat Urteel direkt vollstreckt ka ginn («exécution provisoire»). Natierlech soll d’Méiglechkeet vum «Sursis» bestoe bleiwen an all deene Fäll, wou de Kontrakt net wéinst onbezueltem Loyer gekënnegt gëtt. 

      2.  Nei Wunnforme fërderen

Ganz am Contraire zur Regierung, hätte mir déi Méiglechkeet och virgesinn (nieft der Colocatioun, déi mir begréissen), datt Proprietären oder „ Haaptmieter“  kënnen eenzel Zëmmere verlounen. Dat ass am Ausland iwwerall de Fall a grad Universitéitsstied brauchen onbedéngt esou eng Offer! Et ass een Hohn, Lëtzebuerg wëllen als „Unisstad“ ze promovéieren an dann esou modern Locatiounsformen ze verbidden.

     3.  Mobilitéit vum Locataire erméiglechen

D’ADR ass der Meenung, datt e Locataire, dee säi Bail kënnege muss well en net méi bezuele kann oder well en berufflech an d’Ausland versat gëtt oder awer Nowuess kritt huet, säi Bail muss kënnen an engem normale Preavis vun zwee Méint kënnegen. Doduerch muss de Locataire net bis zum Enn vun der Lafzäit vum Bail de Loyer bezuelen.

     4.  Schluss mat der «Prorogation légale»!

Hei ass 2006 eng Fiktioun geschaf ginn: Och wann de Bail zum Beispill fest op 3 Joer ofgeschloss gëtt, leeft dësen –  dem Gesetz no – einfach «à durée indéterminée» weider. D’ADR ass sech sécher, datt e ganz groussen Deel vum „Leerstand“ vu Wunnengen an Haiser hei am Land op dës «Prorogation légale» zeréck ze féieren ass. Proprietären, déi wëssen, datt si an zwee oder dräi Joer e Logement fir sech selwer brauchen oder fir hir Kanner oder Enkelen, loossen dann den Objet léiwer eidel stoen! Betraff sinn och Proprietären, déi e P.A.P ugefrot hunn, vun deem si net wëssen, wéi laang d’Prozedur dauert. Géif een hinnen d’Méiglechkeet ginn «à durée déterminée» op een, zwee oder dräi Joer ze verlounen, mat der Garantie, datt beim Oflaf vum Delai de Locataire dann och fort plënnert, géifen si vill éischter verlounen. Dës Mesure a nëmmen dës Mesure géif direkt dofir suergen, datt zousätzleche Wunnraum op de Locatiounsmaart kënnt! Duerfir plaidéiert d’ADR dofir, d‘«Prorogation légale» ofzeschafen an am Contraire dësen zäitlech begrenzte Kontrakt ze erlaben an och ze encadréieren.

Mir géifen eis hei um Aarbechsrecht inspiréieren, fir Abusen auszeschléissen: Am Aarbechtsrecht däerf zum Beispill de Patron en CDD nëmmen ofschléissen, wann hie genau ugëtt, firwat en dorobber zeréckgräift. Esou en CDD däerf och nëmmen eemol verlängert ginn; wann net, gëtt aus dem CDD en CDI, domadder gräift déi normal Gesetzgebung nees: Et kann een nëmme kënnegen am Fall vun engem gudde Grond: Eegebedarf, Vertragsverletzung, gréisser Renovatiounsaarbechten asw.

Konkret Iddien, déi eis konkret weider bréngen…géifen!

E Kommentar vum Roy Reding, Deputéierten Bezierk Zentrum am Lëtzebuerger Land vum 14. August 2020