D’Press krut en Dënschdeg, den 29. September 2014, de Resumé vun der Journée parlementaire presentéiert. Dräi Haaptthemen hunn do dominéiert: d’Zukunft vum Land, d’Verfassungsreform an d’Froe ronderëm d’Flüchtlingen.

A senger Introduktioun huet de Gast Gibéryen sech gewonnert, datt d’DP sech als Partei vun de Steiererliichterunge géif virstellen, wou se dach fir d’Erhéijung vun der TVA an der d’Aféiere vun der Krisesteier d’Verantwortung mat dréit. En ass dunn op d’Fro agaangen: „Wou wëlle dëst Land histeieren ?“ D’ADR huet an deem Kontext eng Interpellatioun an der Chamber ugefrot. Déi aktuell Regierung sëtzt op e stramme Wuesstem. Dësen zitt awer och eng Rei Nodeeler mat sech, ugefange beim Stau bis zum Problem bezuelbar Wunnengen. Ons Schoule sti viru groussen Erausfuerderungen, d’Land gëtt ëmmer méi zoubetonéiert. Fir de Gast Gibéryen ass de Wuesstem och keng Léisung fir d’Rentemauer ze ëmgoen, am Géigendeel entsteet e Schnéiballeffekt: ëmmer méi Salariée musse fir ëmmer méi Pensionéiert opkommen. D’ADR hofft, iwwert d’Interpellatioun eraus, eng breet Diskussioun ze engagéieren zou de Froen: „Ass de maximale Wuesstem d’Léisung“ a „Fuere mer esou virun ?“. D’Äntwert op dës Froen misst och d’Richtung virgi fir déi annoncéiert d’Steierreform

„Brauche mer eng nei Konstitutioun? „ huet de De Roy Reding gefrot an d’Propose fir eng nei Verfassung analyséiert. En huet vu vireran ugekënnegt, datt d’ADR och mat der aktueller Verfassung gutt ka liewen. Wat de proposéierten Text ubelaangt, do kënnt de Grand-Duc an de Grand-Duché net gutt ewech. Weider ginn et e puer „killing points“, mat deenen d’ADR net kann averstane sinn. Duerzou gehéiert de Fait, datt d’Chamber internationalen Instanzen, a besonnesch der EU, kann definitiv Souveränitéitsrechter iwwerdroen. Haut ass dëst nëmmen temporär méiglech. D’ADR verlaangt weider, datt de Referendum op „initiative populaire“ soll an der Verfassung verankert ginn. Och d’Weiderbestoen vun der Cour constitutionnelle ass fir d’ADR eng Mussesaach. D’Konstitutioun soll weider festhalen, datt en Déier kéng Saach ass.

Zum Schluss ass de Fernand Kartheiser nach eemol op Flüchtlingspolitik agaangen. Den 13 Oktober mécht de Premierminister duerzou eng Deklaratioun an der Chamber. D’ADR verlaangt, datt d’Regierung endlech e Konzept an dëser Thematik virstellt. D’ADR ass nach ëmmer fir de Konzept vun der „immigration choisie“ géint deen vun der „immigration subie“. De Fernand Kartheiser wëll och eng gutt Integratioun vun de Flüchtlingen. D’ADR hält näischt vun der Iddie, Sachleeschtungen (Bongen, asw…) duerch Geldleeschtungen ze ersetzen, dëst wär e falscht Signal notamment un d’Schlepper. D’ADR wëll, datt d’Regierung Woch fir Woch detailléiert Zuelen iwwert d’Réfugiéë bekannt mécht. Et muss och gutt opgepasst ginn, datt et net zu Benodeelegunge vu Residente kënnt, fir d’Akzeptanz vun de Flüchtlingen net op d’Spill ze sëtzen. Zum Schluss huet den Deputéierte sech geiergert dat déi zoustänneg Ministerin Corinne Cahen an enger Radiossendung ugekënnegt huet, dat si an hir Servicer, fir d’Vertraue mat de Flüchtlingen opzebauen, ne géife mam Ausseminister collaboréieren deen iwwert d’Unerkennung vum Flüchtlingsstatut ze bestëmmen huet.

Am Video: