Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech lech, dës parlamentaresch Fro un den Här Verdeedegungsminister weiderzeleeden.

Zënter 1992 mécht d‘Lëtzebuerger Arméi  bei  sougenanntenen „OMP“  (Opérations pour le maintien de la paix) mat. Och d’Police deleguéiert Leit an d’Ausland, zum Beispill an de Kosovo, an theoretesch kënnen och nach aner Verwaltungen a souguer Zivilisten sech u sou Missioune bedeelegen.

Besonnesch bei militäreschen Asäz kann et zu traumateschen Erfahrunge kommen, déi, jee no psychologescher Konstitutioun vum exposéierten Zaldot a senger Widderstandskraaft géint extrem Erliefnisser, kënnen zu sougenanntene post-traumatesche Symptomer féieren. Sou Symptomer kënnen och nach laang no der Déngschtzäit an engem Krisegebitt opdauchen an och d’Reintegratioun vun engem Militär an dat ziviilt Liewe bedeitend méi schwéier maachen.

D’Arméi huet och aus sou Iwwerleeungen eraus viru kuerzem eng Psychologin engagéiert.

An deem Zesummenhank wollt ech dem Här Verdeedegungsminister dës Froe stellen:

  1. Huet d’Arméi oder eng aner Verwaltung bis elo festgestallt, datt bei Leit, déi an enger OMP engagéiert woren, post-traumatesch Stéierungen opgetruede sinn?
  2. Huet d’Arméi fir sou e Fall Méiglechkeete vun enger laangfristeger Behandlung virgesinn? Sinn esou Behandlungen och finanziell ofgeséchert, an deem Sënn, datt eng betraffe Persoun net fir déi laangfristeg medizinesch Konsequenze vu sou engem Asaz fir de Staat muss selwer fir d’Käschten opkommen?
  3. Ginn déi Persounen, déi aus engem Asaz zréckkommen, systematesch op e Gespréich mat engem Psycholog oder engem Psychiater invitéiert fir méiglech traumatesch Erliefnisser ze dokumentéieren an ze beschwätzen?  Huet d’Arméi eng Zesummenaarbecht mat Psychiateren zu Lëtzebuerg fir sou Fäll organiséiert, respektiv mat zivilen oder militäresche psychiatresche Servicer am Ausland?

Mat déiwem Respekt,

Fernand Kartheiser

Deputéierten

Réponse écrite de Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Ministre de la Défense