Dënschdeg, 12. Mee 2020
Och beim Mindestloun: 33 % Steieren ofgehalen?
Fir d’Betriber am Kader vun der COVID-19-Pandemie ze entlaaschten, bezilt d’Krankekeess d’Krankegeld elo direkt un déi betraffe Persounen. Well d’CNS awer keng Steierkaart vun deene Persounen huet, soll si direkt 33 Prozent Steieren vun der Pai ofhalen. Besonnesch fir Mindestlounemfänger ass dat e staarkt Stéck. An enger dréngender parlamentarescher Fro well de Jeff Engelen dëser Saach op de Fong goen. D’Regierung schwätzt gär vu sozialer Gerechtegkeet, mee gëtt si dësem Usproch och wierklech gerecht?
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden