Nohaltegkeetspolitik: Fräiheet statt Drangsaléierung!
D’Regierung schwätzt gären a vill iwwer Nohaltegkeet. Mee wat versteet se dorënner? D’Leit hunn e ganz natierlechen Interesse, fir nohalteg mat hire Ressourcen ëmzegoen, fir se bescht méiglechst exploitéieren ze kënnen. Iwwer Joerhonnerten hunn d’Mënschen hir Verhalensweisen am fräien ekonomeschen Austausch ëmmer méi verfeinert, fir deem Ëmstand Rechnung ze droen. Mat hirem gréng-ideologesche Bürokratieäifer zerstéiert d’Regierung dës gewuesse Praxis. D’Konsequenze vun hirer Politik schreift se duerno de béise Bierger zou. Ma wier et dann net Zäit, opzehale mat deem Theater an zum längst etabléierten, ekonomesch nohaltegem Ëmweltschutz zeréck ze kéieren? Genau des Froen huet d’ADR un d’Regierung adresséiert.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden