E Sonndeg, den 10. Februar, hunn sech d’Membere vun der ADRenalin, déi jonk ADR fir den Nationalkongress zesummefonnt.
Den neie Komitee, deen eestëmmeg gewielt gouf, setzt sech esou zesummen:
Presidentin: Joëlle Giannotte
Vize-President: Joe Thein
Generalsekretärin: Liliana Miranda
Tresorier: Andy Winandy
Memberen : Sophie Goergen, Christian Jost, Steve Lamberty, Claude Melchior
D’ADRenalin wëll sech och weiderhi fir déi Jonk asetzen a grad an de Beräicher Jugendchômage a Schoulreform konkret Virschléi ausschaffen.