Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Zesumme wunnen, liewen, léieren a schaffen: fir d‘ADR ass dofir eng gemeinsam Sprooch absolut noutwenneg. Dës Sprooch kann a muss zu Lëtzebuerg d’Lëtzebuerger Sprooch sinn!

D’Sprooch ass de beschte Wee fir eng erfollegräich Integratioun. Wien eis Sprooch versteet a schwätzt, versteet, wat am Land geschitt, a kann och ouni Problem matschwätzen.

Kanner, déi vu baussen an d’Lëtzebuerger Schoule kommen, sollen als éischt, an enger Classe d‘accueil, Lëtzebuergesch léieren, ier se an eng normal Schoulklass opgeholl ginn. Auslännesch Matbierger mussen ënnerstëtzt ginn fir ënner beschtméigleche Konditioune Lëtzebuergesch ze léieren. Dozou gehéieren de Congé linguistique, Coursë vun alle Niveauen, gutt didaktescht Material a qualifizéiert Enseignanten.

An de Spideeler, an den Alters- a Fleegeheimer, wéi an de Crèchë muss et zur Konditioun gemaach ginn, Lëtzebuergesch ze léieren, fir eng Plaz ze kréien.

D’ADR ass déi eenzeg Partei, déi sech zanter Jore fir d’Aschreiwe vun der Lëtzebuerger Sprooch an eis Verfassung agesat huet. Dës Fuerderung soll elo endlech an d‘Constitutioun opgeholl ginn. Dëst ass fir d‘ADR en Usporn méi, sech weider fir d‘Lëtzebuergescht am Alldag anzesetzen.