Fernand Kartheiser: Meenungsfräiheet amplaz Maulkuerf!
E Mëttwoch, de 15. November, hat den Deputéierte Fernand Kartheiser eng Interpellatioun an der Chamber iwwert d’Thema Meenungsfräiheet. Dobäi handelt et sech ëm en Thema, dat d’ADR schonn zënter längerer Zäit beschäftegt. Schliisslech betrëfft d’Meenungsfräiheet eis alleguer an ass onbedéngt noutwenneg, wa mir eng demokratesch Gesellschaftsform wëlle liewen.
Auszich aus der Ried:
- Den Zensurverbuet ass een an d’Zukunft geriichte Verfassungsoptrag (Video 1’21“).
- D’Fräiheet ass e Grondprinzip vun der Demokratie. / Mir brauche kee pseudo-moraliséierende Staat (Video 1’50“).
- Wou ass d’Trennungslinn tëscht legaler a verbuedener Kritik (Video 1’43“)?
- Mir brauchen eng Kultur vun der Argumentatioun, net vun der Denunziatioun (Video 0’54“).
- Mir brauche Rechtssécherheet, keng Gummiparagrafen (Video 0’55“).
- D’ADR steet fir méi Fräiheet an net méi Repressioun (Video 2’08“).
Nom Fernand Kartheiser sengem Exposé huet den Debat stattfonnt, bei deem all Partei Stellung geholl huet. D’Gemidder waren zwar wuel opgehëtzt, allerdéngs hat de Fernand Kartheiser sech deelweis méi eng éierlech a sachlech Diskussioun erhofft.
- Dem Fernand Kartheiser seng Interventioun am Debat (Video 10’35‘).
- Mir sollen eis Fräiheeten opriichteg Hand an Hand verdeedegen (Video 0’59“).
De Fernand Kartheiser huet an dësem Kontext och dräi Motiounen an eng Resolutioun agereecht, déi awer all verworf goufen.
- Motioun 1: d’Entgéinthuele vun Denunziatiounen oder Plainten
- Motioun 2: demokratesch Bildung an der Schoul
- Motioun 3: d’Zensur bekämpfen
- Resolutioun: d’Rechter vum Verfassungsgeriicht ausbauen
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden