Enge sëllegen Zeieberichter no, déi iwwerdeems och vun der Human Rights Watch (HRW) rapportéiert goufen, ass et am Mali zu engem tragesche Massaker un Ziviliste komm. Am Duerf Moura soll déi malesch Arméi zesumme mat auslännesche Söldner ronn 300 Zivilisten ermuert hunn. D‘HRW huet dëse Massaker als déi schlëmmsten Dot am Mali vun de leschten zéng Joer bewäert, d.h., zanter dem Ufank vum Sahel-Konflikt. Och déi franséisch an amerikanesch Regierungen hunn sech déif betraff iwwert dës Dot gewisen.

An deem Zesummenhank hunn den ADR-Parteipresident Fred Keup an de Fraktiounspresident Fernand Kartheiser an enger gemeinsamer parlamentarescher Fro op en Neits de Lëtzebuerger Engagement am Mali a Fro gestallt. [Hei fannt Dir d’parlamentaresch Fro] Et stellen sech nämlech hei eng ganz Parti onkamoud Froen: A wéi wäit war d’Lëtzebuerger Regierung, iwwert EU-Militärprogrammer, un der Formatioun vum malesche Militär bedeelegt, deen elo fir dëse schreckleche Massaker matverantwortlech ass? Mécht eng Zesummenaarbecht mat engem korrupte Regimm, deen esou Dote verüübt, iwwerhaapt nach Sënn?

An der Chamber war d’ADR iwwerdeems déi eenzeg Partei, déi iwwert de Wee vun enger Motioun de Stopp vum Lëtzebuerger Engagement am Mali gefuerdert huet a kontinuéierlech op déi flagrant Mënscherechtsverletzunge vum malesche Regimm higewisen huet – e Regimm, mat deem Lëtzebuerg onverständlecher Weis nach ëmmer zesummeschafft.

D’ADR wëll an deem Zesummenhank nach eemol mat Nodrock hir Fuerderunge widderhuelen: D’Regierung soll déi Lëtzebuerger militäresch Presenz an der Sahelzon op en Enn bréngen an och all Form vu Kooperatiounspolitik mat deenen ondemokrateschen a korrupte Regierungen an där Regioun suspendéieren. Mir sollen de Mali weiderhin humanitär ënnerstëtzen a géintiwwer dem Regimm Demokratie afuerderen.

Pressematdeelung vun der ADR vum 8. Abrëll 2022