D’Lëtzebuerger Sprooch kann an Ament net an den offiziellen Europaschoulen um Kierchbierg an zu Mamer geléiert ginn, wëll dofir eng offiziell Demande vum Lëtzebuerger Staat muss gemaach ginn. Esou eng Demande läit awer net vir.
An enger parlamentarescher Fro mécht den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser drop opmierksam, datt d’Lëtzebuergescht, wéi Irlännesch, Maltesesch, Finnesch a Schwedesch kéint als „aner national Sprooch“ opgeholl ginn. Wéini mécht de Minister d’Demande, fir datt d’Lëtzebuerger Sprooch och de Wee an d’Europaschoule fënnt?
Wann den Educatiounsminister net direkt op dem Fernand Kartheiser seng Fro geäntwert huet, esou huet en dach eng „interessant Informatioun“ ginn.
An Zukunft – et neit Gesetz wier an der maach – missten all Privatschoulen e Cours iwwert d’Lëtzebuerger Sprooch ubidden. Am Kontext vun der Europaschoul vun Déifferdeng gëtt de Programm „Lëtzebuergesch als Friemsprooch“ ausgeschafft.