
Mëttwoch, 30. Mäerz 2022
Lëtzebuerger Wäi mat neien Etikett-Virschrëften
Mat zimmlechem Opwand wäert d’Etikettéierung vun de Lëtzebuerger Wäiner an Zukunft verbonnen sinn. Am Rumm vun der Nutriscore-Iddi soll och d’Zësummesetzung vum Wäin a säi Kalorie-Gehalt um Réck vun der Fläsch nozeliese sinn, deels direkt, deels iwwert e QR-Code. Dat ass um munnchen groussen auslänneschen Wäigidder mat grousse Quantitéite Wäin vun enger Zort nach ze verkraften, mee d’Lëtzebuerger Wënzer a Kooperativen mat hire villen Zorten dacks a ganz klenge Quantitéiten wäerten hir Aarbecht mat der Reegelung hunn. De Jeff Engelen wëll méi Detailer an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden