
Dënschdeg, 15. Februar 2022
Lëtzebuerger Patrimoine a Baukultur verschwannen am Rekordtempo
A senger Interventioun vum 10. Februar brécht den ADR-Süd-Deputéierte Fred Keup eng Lanz fir d’Erhale vum Lëtzebuerger Patrimoine a vun eiser historescher Bausubstanz. Et gëtt momentan nämlech esou vill wäertvoll Baukultur ofgerappt wéi ni virdrun an déi aner Parteie loossen en eescht gemengten Effort an deem Beräich vermëssen.