
©Alstom
Méindeg, 07. Januar 2019
Léisen nei Zich fir d’CFL d’Problemer am ëffentlechen Transport?
Ganz houfreg mellt d’CFL, datt nei Persounenzich bestallt sinn an zwar a Frankräich bei Alstom. De Jeff Engelen freet no, ob dës nei Transportkapassitéiten d’Problemer am ëffentlechen Transport laangfristeg léise kënnen. An a senger parlamentarescher Fro wëllt hie vum grénge Mobilitéitsminister François Bausch och wëssen, wéi et ass, datt d’CFL Geschäfter mat engem vun de prominentsten Aushängeschëlder vun der franséischer Atomindustrie mécht.