Mat engem dauerhaften, blannen a net steierbare Wuesstem kann d’Land seng Zäregas-Emissiounen net erofsetzen, prophezeit de Fernand Kartheiser an enger Debatt iwwer d’Neiorganisatioun vum Emissiounshandel. Hie geheit der Regierung – an do besonnesch deene Grénge – fir, kee Konzept ze hunn fir e neie Modell Lëtzebuerg, deen net op hemmungslosem Wuesstem opbaut. Hie gesäit an der Neiregelung vum Emissiounshandel awer och d’Bestätegung, datt de Kyoto-Traité  net konnt fonctionnéieren: Och wa Kritiker, déi dat virausgesinn haten, dacks als Klimakiller bezeechent goufen.