Kuckt net ewech – et geet ëm Är Zukunft!
2018 hunn Iech d’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng de Referendum iwwert d’Verfassungsreform versprach.
Si wëllen net, datt d’Bierger an engem Referendum iwwer dës radikal a substantiell Verfassungsreform ofstëmmen.
Informéiert Iech hei richteg ier et ze spéit ass!
Dir hutt d’Info-Heft an der Zeitung verpasst oder Dir liest léiwer eng gedréckte Versioun?
Da fëllt ganz einfach den Online-Formular aus oder rufft eis un um Tel. 26 203 706 a mir schécken Iech en Exemplar Heem!
Ëm wat geet et bei der Reform vun eiser Verfassung?
Nieft punktuelle sënnvollen Ännerunge bréngt dës Reform awer eng nei Verfassung, déi
• politesch Ziler virgëtt an d’Gesellschaft deelweis nei forméiert,
• d’konstitutionell Rechter vun de Leit aschränkt,
• d’Monarchie schwächt;
• den europäesche Federalismus fërdert an den Ofbau vun eiser Souveränitéit;
• d’Famill schwächt an dem Staat hei oberechtegt Uspréch zouschreift;
• d’Auslännerwalrecht erméiglecht;
D’CSV, d’DP, d’LSAP an déi Gréng wëllen de Referendum verhënneren!
Liest dofir an eisem Info-Heft wat si Iech net zielen oder lauschtert a kuckt alles hei Online.
Print-Versioun (PDF)
- Info-Heft Lëtzebuergesch > Download PDF
- Cahier d’information Version française > Download PDF
- Information-Booklet English Version > Download PDF
- Info-Heft Deutsche Version > Download PDF
- Livreto informativo versão em português > Download PDF
- Libretto informativo versione italiana > Download PDF
AUDIO
Lauschtert hei all eis Themen aus dem Info-Heft op Lëtzebuergesch an der Audio-Versioun
Ecoutez ici tous nos sujets du livret d’information en langue française en version audio
Video op Lëtzebuergesch!
- Hei elo de Video mam Parteipräsident Jean Schoos kucken
Belunn a bedrunn - Hei elo de Video mam Deputéierte Roy Reding kucken: Wiert Iech!
- Video-Link Polit Verfassung
- Video-Link Auslännerwalrecht
- Video-Link Reform Monarchie
- Video-Link Ofbau Souveränitéit
- Video-Link Famill
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden