D’Trennung vu Kierch a Staat kënnt net esou richteg virun. D’Katholike si net zefridden an déi Leit, déi fir Laizismus sinn, och net. Elo wëll den LSAP-Innenminister eppes géint déi schlecht Sondage vu senger Partei maachen. An hie sicht sëch dat schwächste Gluidd an der Ketten, fir weider Sträit a Kaméidi am Land ze séien: Esou wéi een dat vu Gambia gewinnt ass, vu Referendum bis Buergbrennen, sinn et hei d’Kierchefabriken, déi ënnert dem Gesetz, wat méi Gemengenautonomie versprëcht, am meeschten ze leiden hunn.