D’ADR hatt eng dréngend parlamentaresch Fro gestallt, fir iwwert d’Sécherheetsmoossnamen hei am Land ze diskutéieren. En Dënschdeg, en 1. Dezember huet de Premier dunn zum Thema Stellung bezunn an endlech e Gesetzestext op de Wee ginn. „Et wor eisen Androck, datt d’Regierung eng Reaktioun hat, déi ee kënnt gläichzäiteg als lues an als schwaach bezeechnen“, sot duerzou den ADR-Deputéierten.

Den Dag no den Attentater ass d’Regierung zesummekomm an huet just decidéiert, datt solle Diskussiounen an de Schoule stattfannen. Duerno komm de Verbuet vun den anonyme Prepaidkaarten. Dëst wor wuel gutt… mee geet awer bei wäitem net duer, fir d’Leit géint Gefore vum Terrorismus ze schützen!

D’Regierung huet keng Instrumenter prett fir géint eng erhéichte Menace virzegoen. Spéitstens no den Attentater op Charlie Hebdo, am Januar vun dësem Joer, hätt och Lëtzebuerg sich misse Mëttele ginn am Kampf géint den Terrorismus !

De Fernand Kartheiser huet d’Fro opgeworf, op d’Regierung de Sécherheetsorganer – Police, Arméi a an Douane – déi néideg Mëttele ginn huet, fir op déi aktuell Situatioun kënnen ze reagéieren.

D’ADR ass am grousse ganzen averstanen, déi d’Regierung elo endlech an der Chamber deponéiert huet, verlaangt awer, datt d’Urgence muss vun der Chamber mat enger 2/3 Majoritéit muss bestätegt ginn, soss ass de Mëssbrauch vun esou Moossname virprogramméiert!

A senge Konklusioun huet den ADR-Deputéierte festgehalen, datt dës Regierung e gestéiert Verhältnis zu Sécherheetsfroen huet, och well déi dräi Parteien sech doranner net eens sinn.