Mëttwoch, 10. August 2022
Jugendkriminalitéit: D’ADR wëll dat net hinhuelen
Jugendkriminalitéit a „Gangs“ si relativ nei zu Lëtzebuerg. Spéitstens nom Muerd un engem Jugendlechen zu Bouneweeg an deene rezente Virkommnesser ëm Gruppe vu gewaltbereete Jugendlechen ass d’Wichtegkeet vum Thema offensichtlech. Mir vun der ADR hunn eis vun Ufank un agesat fir datt dës Thematik net ënnert den Dësch gekiert gëtt.
Esouwuel zum Muerd vu Bouneweeg fir och zu de rezenten Themen hu mir parlamentaresch Froen gestallt. Och d’Gewaltpräventioun an de Schoulen war do eisen Thema:
- Gewalt vu Mannerjäregen
- Gewaltpreventioun an de Lycéeën
- Jugend-Gangs op Grond vun diversen Zeitungsartikelen – éischt Fro vum Fred Keup
- Jugend-Gangs op Grond vun diversen Zeitungsartikelen – zweet Fro vum Fred Keup
- Jugend-Gangs op Grond vun diversen Zeitungsartikelen – Fro vum Fernand Kartheiser
An engem Pressekommunikee huet d’Partei nach eemol eis Meenung zum Thema detailléiert duergestallt. Hei kënnt Dir dësen Text liesen.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden