
Méindeg, 26. Abrëll 2021
Impfpass als „Travel-App“ an der Testphas …
De Weltverband vun de Fluchgesellschaften (IATA) ass amgaangen de sougenannten „Travel Pass” ze testen, eng Smartphone-App déi den aktuelle giele pabeiersen Impfpass ersetzt. Dëst ass och net déi eenzeg Impfpass-App, déi am Zesummenhang mat der Covid-Impfung entwéckelt gëtt.
De Jeff Engelen an de Roy Reding wëllen an enger parlamentarescher Fro wëssen, wéi d’Lëtzebuerger Regierung sech zu dësen Entwécklunge positionéiert a wéi si drop reagéiert. D’ADR Deputéierte stellen der Regierung hei eng ganz Rei Froen am Kontext vun der Rechtslag, der Kontroll a Reguléierung, dem Dateschutz an der sozialer Diskriminatioun.
Schlagwörter: App, Corona-Virus, Entreprisen, Fluchbetrib, Impfpass, Impfung, Jeff Engelen, Roy Reding
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden