
Freideg, 15. Mee 2020
„Home-Delivery“: Deloyal Konkurrenz vun enger Liwwer-Firma?
Hei zu Lëtzebuerg ass eng Firma bei der „Livraison à Domicile“ bannent kuerzer Zäit Leader vum Marché ginn. Déi ass e gutt Stéck méi bëlleg wéi aner Ubidder. Den Trick ass datt des Entreprise d’Livreuren net als Salariéen astellt ma als sougenannt „Prestataires de Services“ iwwer e Freelance-Kontrakt. Déi betraffen 200 bis 300 Livreuren ginn op des Manéier ausgebeut. Dem Gesetz no, mussen déi Concernéiert eng TVA-Nummer hunn a sech selwer bei der Sécurité Sociale umellen. Dat schengt awer kaum de Fall ze sinn.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden