Gemengebudget Péiteng: Dem Joe Thein seng Ried vum 14. Dezember
Här Buergermeeschter,
Dir Dammen an dir Häre Conseilljeeen,
Nodeems de Schäfferot ons an der Sëtzung vum 11. Dezember 2015 de Budget rectifié 2015, an de Budget initial 2016 presentéiert hunn, ass et dann haut d’Aufgab vun der ADR, fir d’Finanzpolitik vun der Aalparteiekoalitioun ënnert d’Lupp ze huelen, an Iech ons entspriechend kritesch, pragmatesch a rational Bewäertung zu där Finanzpolitik mat ze deelen – quasi eng „Ofrechnung“ fir Är Politik, an am Numm an Interessi, vun eiser Wielerschaft.
Ech wëll fir d’alleréischt awer mat engem décke Merci ufänken, bei alle Leit a Gemengeservicer, déi beim Ausschaffe vun dësem 300-säitege Budget, matgewierkt hunn an ons mat hirer professioneller Aarbecht, d’Haushaltsgrondlag op déi di politesch Debatte foussen, exemplaresch verbildlecht hunn.
Dir Dammen an dir Hären,
Da muss ech awer eescht ginn, wat d’Situatioun ass. Ech wëll dem Schäffen- a Gemengerot scho gläich zu Ufank vu menger Interventioun, hiren Hurrapatriotismus vermiesen. Haut de Mëtteg hat ech dann och d’Geleeënheet, fir den heite Wort-Artikel, mam schéinen Titel “Aus dem Gemeinderat Petingen: An Bewährtem wird nicht gerüttelt” ze liesen. Dach, selbstverständlech gëtt haut dru “gerüttelt”, genau dat hat ech hei wëlles!
Nodeems bei der Présentatioun mat allerlee Milliounebeträg a Geldzommen ronderëm jongléiert gouf, picken ech fir d’éischt mol gären dee wichtegste Montant aus dem Zuelenzalot eraus: D’Gemengeschold. All déi aner Punkten a menger Ried wore scho Géigestand vu Question Communal’en, Interventiounen am Gemengerot, oder Artikelen an eiser Lokalzeitung „de Pefferkär“ a wäerten Iech beim intresséierte Nolauschteren, als „Postulat vun der ADR“ am weidere Suivi vu menger Ried, bestëmmt nees an d’Gediechtnes kommen.
An ech hunn, léif Frënn, bei menger Analys vum Budget, nees eng immens Loscht fir Réalitéitsradikalist ze sinn.
D’Gemengeschold chiffréiert sech, dem neiste Stand no, op 12,61 Milliounen €, wat 708 € op de Kapp sinn. Bis elo ass et der Gemeng zwar gelongen, hir Schold vun 2003-2016 kontinuéierlech ofzebauen, fir d’lescht also mat exakt 1,7 Mio. €, ma d’Gemeng ass awer och ni „scholdefräi“ gewiescht, a muss also bedéngterweis eng Politik féieren, wou d’Schold ëmmer nees am Budget opdaucht, a wou genau dës Schold, och vu Legisatur zu Legislatur, weidergeschleeft gëtt – ausgoend vun 2003, also schonn dräizéng Joer laang. Dank „gudden Zäiten“ zu Lëtzebuerg, konnt souwuel op nationalem Niveau, wéi op kommunale Plang laang iwwert ons Verhältnisser gelieft ginn, an och déi eng oder aner Scholde, woren ni e grousse, budgetäre Problem. Mat der Finanz- a Wirtschaftskris gouf Lëtzebuerg awer éischtmools gutt gerëselt an d’Luxusliewen huet der Realitéit, weeche mussen. Haut sti mir virun engem Scholdebierg, deen a senger Integralitéit mat de Scholde vum Zentralstaat, de Gemengen an de Sozialversécherungen, leschter Berechnung vun 2014 no, ronn 11,3 Mrd. € entsprécht. Eng Gemeng huet zwar eng gewëssen Autonomie, mä op d’Matfinanzéierung vum Staat kann och si net verzichten. Kann de Staat awer iergendwann d’Gemeng net méi entspriechend finanziell ernähren, oder villäicht och wesentlech manner wéi virdrun, da muss d’Gemeng nees méi aus eegener Täsch bezuelen, wat bedéngt, datt d’Schold méi grouss gëtt, manner Suen fir aner Invester disponibel sinn, an de klenge Steierzueler nees als Sënnebock bei d’Kees gebuede gëtt- 13% vun de ordinäre Gemengerecetten, ginn elo schonn duerch Einname vun Taxe cumuléiert. Ech wëll bei Leiwe keen Däiwel un d’Mauer molen, mä fir d’Situatioun eemol ze verbildlechen: Wär dat hei eng Gemeng am faillite Griicheland, hätt d’Gemeng als Inkassobüro am Optrag vum Pappa Staat nach haut de Nowend zur Rettung vun der Gemeng, bei all eenzelnem Gemengebierger, 708 € vu senger Pai akasséiert. An dat sinn eléischt just déi „puer Suen“ vum Endettement vun der Gemeng Péiteng an enger Gesamtverschëldung, déi Lëtzebuerg huet. Dës Pro-Kapp-Verschëldung ass iwwregens och un e Populatiounschiffer vum „status quo“ gekoppelt – an nom klore Bekenntnes vun eisem Schäfferot fir weider eng „politique sans limites“ am Populatiounswuesstem ze maachen, kann deen iwweroptimeschte Réckgang vun der Gesamtschold an der Pro-Kappverschëldung net als defintiven Zoustand consideréiert ginn – eben och dowéinst, well d’Zukunft fir ons Finanzen alles anescht ewéi positiv ausgesäit:
D’Gemeng huet, fir ee Beispill ze ginn, de potentiellen Impakt vun der „Migratiounskris“ iwwerhaapt net akalkuléiert, wat awer méi wéi sécher, eng weider finanziell Belaaschtung och fir eise Gemengebudget wäert sinn. Do dobäi komme laafend Projeten, mä och extraordinäre Projeten déi nach net an der Maach sinn, wéi z.B d’Zone économique Grand-Bis, de Préfinancement vun engem Devis vum Wirtschaftsministär, d’Gemengegaragen, déi nei Musékschoul an déi repressiv Mossname vum Gambiahäuptling am Inneministär, wou d’Gemenge ronn 62 Milliounen € (dovun 2 Mio € fir d’Gemeng Péiteng) am Intérêt vum Secourismus konfiszéiert kréien, mä wou een allerdéngs bis haut, op dee versprachene “gambistesche Reformismus” waart. Respekt vis-à-vis vun eise Fräiwëllegendéngschter am Déngscht vun eise Bierger, ass sou een Ëmgang vum Ministär sécherlech net, dat ass e richtege Constat. Mä d’Matdiktéiere vu méi héige politeschen Instanzen, hëlt och de Péitenger Schäffen- a Gemengerot net aus hirer Verantwortung fir hir existent Gemengen- Autonomie a Pouvoir ze notzen, sou datt ähnlech wéi am Fall vum “Schwammeeschterdiktat”, munchmol Selbstverdeedegung virum „autoritative“ Staat néideg ass.
Et war dem Schäfferot dann och eng Freed mat ze deelen, datt dat politescht Organ vun der Péitenger Gemeng dogéint, just mat 0,38% oder 200.000 € Käschten fir déi legal a consultativ Komissiounen zu Buch schléit, an domat “beispillhaft” fir eng gudd Gemengegestioun ass. An eisen Aen, allerdéngs keng „politesch Meeschterleeschtung“, ewéi villméi eng natierlech Selbstverständlechkeet, datt de Bierger net och nach fir „de Politiker“ bezuele muss; obwuel… wie bezillt eigentlech d’Gefréiss, d’Reesen, d’Paien, an dee ganzen Tamtam ronderëm? Wat haalt dir eigentlech fir Spuerefforten bei der politescher Féierung, an anere Wierder, bei Iech, fir ugemooss? Wat ass Äre Bäitrag, deen dir leeschte wëllt?
Dir Dammen, dir Hären,
Ech wëll är Opmierksamkeet awer och nach op aner, intressant Punkten an dësem Budget zéien, wou een d’Meenung vun der ADR wësse sollt;
Mir sinn eng Partei, déi sech aus Léift zu eise schéinen Heemechtsdierf op kommunalpoliteschem Plang engagéiert, an dowéinst fir „gutt Liewensverhältnisser“ an déi „absolut Liewensqualitéit“ antrëtt. Et gi leider politesch Entwécklungen, déi kontraproduktiv an destruktiv Effet’en hunn, an domat keng gesond Fortsetzung an d’Zukunft sinn. Ee Beispill dovun, ass d‘Iwwerbevölkerung vun der Péitenger Gemeng duerch een onkontrolléierten an ongebremste Populatiounswuesstem, dee wuel aus finanztechnesche Grënn geschitt, well d’Gemeng am Beschten an am Léifsten, iwwert maximal Defraudatioun bei hire Steierzueler als Haushaltshëllef, hir Existenz séchert – wat méi Leit, wat méi Suen. Dir huelt de Leit gären d’Steiergelder am Interêt vun der Liewensqualitéit. Da gitt de Leit och d’Recht op hir Liewensqualitéit.
D’Péitenger Chefetage mécht eng aktiv-fördernd Politik vum Juncker’chen 1. Milliounen Awunnerstaat a verleed d’Gemeng mat dëser “befremdlecher Zilsetzung” an ee chronesche Problemzoustand. Wat méi Leit an d’Gemeng wunne kommen, wat méi Haiser, Residenzen an Appartementer entstinn, wat méi Autoen duerch d’Gemeng gondelen, a wat méi Natur dem Verkéier weeche muss. D’Gemeng gëtt ëmmer méi zou gebaut, an erstéckt un där katastrofaler Situatioun. Als fënnef-gréisste Gemeng am Grand-Duché, fuerdere mir als ADR ee Populatiounswuesstem mat vernënftegem Denkmuster, getrei enger Strategie, wou eise materiellen, finanziellen a moralesche Kapazitéiten a Ressource gerecht gëtt. D’Gemeng huet, baséirend op der Statistik 2007-2014, ee Plus vu méi wéi 2.512 Neiawunner, op eng Gesamtawunnerschaft vun 17.640 Leit, ze verzeechnen. Bis 2020 kéint d’Pronostik bei 20.000 Leit leien, wann déi progressiv Politik kenge verantwortungsvolle Limiten zougefouert gëtt.
Op dës pervertéiert Situatioun, kënnt dann och nach ee Verkéierswahnsinn, deen d’Gemeng iwwert 72.000m Strooss paralyséiert – besonnesch an de Spëtzestonne vum Beruffstrafic, wéinst dem Tanktourismus, a well mir d‘Bréck zum Ausland spillen an domat als Duerchgangsroute zu de Grenzregioune fonctionnéieren. An da gi dir als Schäfferot mat enger Naivitéit un d’Situatioun erun, fir da keng aner Iddie parat ze hunn, wéi Tempo 30er Zonen a feelplanifiéiert Vëlosweeër an d’Gemeng ze planzen, an d’Gemeng elo an engem Hauruckverfahren ëm ze kremplen a mat Chantier’en ze verstümmelen, well dir jorelaang der Vegetéierung vun der Stroosselandschaft nogekuckt hutt – doran abegraff, all déi futtis Stroossen, an déi politesch Platitüd an der Verkéiersentlaaschtung. Ass sou eng Politik dénglech? Dir hutt keng Initiativ geholl, fir vun Zäit zu Zäit, d’Réalitéit un d’Entwécklung un ze passen, an domat de Charme vun eise Citéen an Uertschaften ze garantéieren. Mä, dir Härschaften, gleeft mir Eent, mir hu mëndeg Bierger déi sech net méi vu Politiker bei d’Lisette féiere loossen, déi net méi op déi „Waltäuschungsmanöveren“ erafalen, wa kuerz virun de Gemengewalen, op eemol an der ganzer Gemeng ronderemgedoktert gëtt an d’Bild vun der „perfekter Gemeng“ presentéiert gëtt.
Déi radikal Ëmkremplungsinitiativ, déi bedéngt duerch hausgemaache Verzögerung zustan kënnt, an déi vill Chantieren déi dir elo mateneen an d’Liewe rufft, wäerten d’Automobilisten an d’Awunner bestëmmt nach vill Nerven a Sue kaschten an hoffentlech huele si d’Revanche bei de nächste Gemengewalen, fir déi Verantwortlech op d’Schëff ze schécken. D’Gemeng muss bis 2017 ronn 48 Milliounen € fir d’Stroossesanéierung bezuelen, wou donieft d’Ënnerhalung vum Waassernetz op 70.500m duerch d’Gemeng nach zu Buch schléit, eng 50-60%eg Kanalnetzerneierung vun 2,5 Milliounen € néideg ass, an de rechtlechen Ausbau op d’Glasfasernetz nach vun Danne geet. Als Kiischt um Kuch, deelt de Schäfferot dann och nach mat, datt dee „gesamte Package“ natierlech mat enger Hausse vun der Ofwaassertax verbonnen ass, wou alt nees de Steierzueler fir är Schlampegkeet, bezuele muss. Dir hutt d’Entwécklung net nëmme falsch ageschat, mä déi ganz Legislatur näischt anescht gemaach, wéi mat neien Taxen an Taxenerhéigungen, oder sougenannte „Spezialkrediter“, versicht är Feelinvester ze kompenséieren an Är politesch Feeler, op Käschte vun der Allgemengheet, ze tilgen.
Mir sinn och eng Partei, déi och am Zesummenhang mam „Populatiounswuesstem“ an der „Finanzsituatioun vun der Gemeng“, mä och a Saachen „Integratioun“ an „Asyl“ eng realistesch Auslännerpolitik vertrëtt, a sech fundamental am Versteesdemech vun Integratioun vun de Mainstreamparteien an hirer simplistescher Eenheetspolitik vun der „Multikultiutopie“ ënnerscheed. Mir wëssen allerdéngs net, ob de Schäfferot entweder null Interessi un dem Sujet huet, oder mengt och hei déi „perfekten Integratioun“ gemaach ze hunn, mä mir si ganz gespaant ob d’Äntwert, wisou dës politesch Prioritéit nieft de Gemengefinanzen, just mat „4 Punkten“ am Budget thematiséiert gëtt.
Eng Gemeng wéi ons, wou den Auslännerundeel bei 49% läit, wou 96 verschidde Nationalitéite liewen, a wou déi onpräzis an indirekt Ausso op eise Bréif iwwert d’Asylproblematik verlaude gelooss huet, datt Réfugiéen an noer oder spéider Zukunft bei ons kommen, entbënnt d’Koalitiounspolitik kengeswees vun hirer Verantwortung, elo kloer an däitlech Meenungen, Positiounen a Konzepter op den Dësch ze leeën, an de politeschen Dialog mat de Parteien ze sichen. Och hei gouf dat ganzt politescht Joer, net eemol iwwert Integratiounskonzepter geschwat oder een Invest vu Gelder gemeet, déi d’Zilsetzung vun enger besserer Integratiounsphilosophie, haten – ausser an der Integratiounskomissioun natierlech, déi sech am Interêt fir d’Auslänner engagéiert, a wou d’ADR mat hirer Auslännerpolitik, net erwënscht ass. Da komme logescherweis sou komesch Projeten wéi „d‘Austellung iwwert d’Awanderung an d’Gemeng“ zustan, amplaz datt mir een Integratiounsbeoptragten aféieren, Informatiounsversammlungen fir déi richteg Integratioun organiséieren oder d’Lëtzebuerger Sprooch an der Gemeng förderen. Et kann een natierlech ëmmer iwwert d’Prioritéiten, d’Form an d’Ëmsetzung diskutéieren, mä dës Koalitioun verbucht ee „brutalen Echec“ an der Auslännerpolitik, well si keen Interessi weist an domat förderativ beim Bradéiere vun eiser Identitéit, matwierkt. Mat Referenz op den Auszuch vum Populatiounsregester, datéiert op den 30. März 2015, ginn aus engem Total vun 17.640 Awunner, 9.199 Lëtzebuerger (52,15%) an 8.441 Auslänner (47,85%) ervir, wou also exakt nëmme méi 4,30%, t‘Trennlinn vun de Majoritétsverhältnisser ausmaachen – d’Madame Conter hat d’Zuel vun 49% Auslänner genannt, mä ganz egal wat elo déi „korrekt Zuel“ ass, mir gesinn dat mir hei virun enger enormer Aufgab stinn, wou eng „laissez faire“ Politik net déi richteg Äntwert op d’Problematik ka sinn, a wou akuten Handlungsbedarf besteet datt d’Gemeng als wichtegst Instanz, hir Hausaufgabe mécht, an sech d’Integratioun op de Fändel schreift.
Och froe mir ons, ob eng Visite vum Europaparlament, budgetéiert mat 10.000 €, grad elo déi richteg Investitioun ass an enger Zäit, wou sech Europa net grad als „Musterbeispill“ ervirdeet, an dës Suen wesentlech méi Notzen an Zweck bei engem Invest an déi lokalpolitesch Integratioun hätten. A wa mir da beim interkulturellen Dialog sinn, géif et villäicht och am Interessi vun eiser Gemeng leien, eng Städtepartnerschaft mat enger russescher Provënz anzegoen, fir eis partnerschaftlech Bezéiungen mat Russland ze verdéiwen an ons esou, och déi russesch Sprooch méi no ze bréngen.
Mat Verweis op d’„Aide au tiers monde“ déi quasi all zweete Gemengerot um Ordre du Jour steet – a mir hu se oft matgestëmmt – mä eleng haut, hu dir 5x Entwécklungshëllefe gestëmmt,an do muss ech eemol däitlech Är „Gutmënschepolitik” a Fro stellen, dëst och vis-à-vis vum Fait, datt eis’t Land am Joer 2014 eng exzessiv Entwécklungshëllef op nationalem Plang vun 318.347.927 € (nieft bilateralen Hëllefen vun 102.000.000 €) geleescht huet, wat 1,06% vum nationale Bruttoinlandprodukt (PIB) entsprécht. Als Vize-Champion vun der Nächsteléift, hu mir souzesoen, d’Sëlvercoupe verdéngt. D’Milleniumsziil vun de Vereente Natioune läit bei 0,7%, an d’Moyenne vun deenen aneren OECD-Memberen, ass grad mol op, 0,29%. Mir plädéieren dowéinst fir eng radikal Reduzéierung vun der Auslandshëllef op de faire Minimum, a fir ee vernënftegen Ëmgang mat eise Gelder, déi fir prioritär Zwecker, fir d’éischt déi sozial Nout hei am Land bekämpfe sollten, éier mir d’Geld duerch d’Welt verschécken. Besonnesch an der Flüchtlingskris, wou eng immens finanziell a materiell Logistik, an ee Krisemanagement gemeet muss ginn, kann et net sinn, datt déi ëffentlecher Gelder nach zäitgläich a d’Ausland geschéckt ginn.
Als ADR hu mir, betreffend dem Kontext ëm deen et geet, och e puer Question Communal’en agereecht, wou d’Äntwert vum Schäfferot an eisen Aen, den Ausdrock vu politescher Schwächt ass. Mir hu mat eise Froen zur Flüchtlinsgproblematik, zum musulmanesche Begriefnis an zur Burka, éischt Initiative geholl, fir den Dialog zu aktuellen Themen ze beliewen, mä mir sinn enttäuscht ginn, datt e.a deen essentielle Sujet vun der Flüchtlingsproblematik, kee weidere Suivi méi mat sech bruecht huet. Als Partei hätte mir gewënscht, datt de Schäfferot no eisem Bréif de Sujet op den Ordre du Jour gesat hätt, fir mat de politesche Parteien den Dialog zur Problematik ze sichen – an net eréischt, wann d’Kand am Pëtz läit. Ech ginn d’Hoffnung awer net op, datt de Sujet éirewann no der Budgetsdebatt op der Dagesuerdnung steet, a wann net, dann ass et op ADR-Initiativ, wou dës Interpellatioun säi Wee an de Gemengerot fënnt. Ech muss also hei, eise Bréif an Erënnerung ruffen, fir datt och Jidderee weess, datt d’ADR déi éischt Partei gewiescht ass, déi mat Suergen a Wäitbléck, schonns éischt Gedankegäng zur Migratiounskriis formuléiert huet a sech och géint „d’pensée unique“ an dem dote Sujet stellt. Schonns am Joer 2011, wore mir als ADR déi eenzeg Partei, déi di politesch Feeler am Kader vun der Opnam vu Flüchtlingen nieft d’Primärschoul, kritiséiert huet, an sech der Biergermaniff ugeschloss huet, fir géint déi politesch Methodik ze manifestéieren. Mir wëllen hei nach eng Kéier ons Positioun vun deemools attestéieren, an ons an engem ganz ähnleche Geescht vun Argumentatioun a Faktelag, mat der Flüchtlingskriis vun haut, beschäftegen. D’Diskussioun ëm’t de Sujet, wäert eng eege Ried, a seng eegen Zäit erfuerderen, wisou ech also haut hei net wieder iwwert d’Asylpolitik schwätze wëll.
Mir sinn dann och eng Partei, déi decidéiert fir eng effizient Kriminalitéitsbekämpfung steet. Am Budget ass net ee Pipcheswuert iwwert den Invest an d’Sécherheet vun eise Bierger oder an de Kampf géint Kriminalitéit, verlaude gelooss ginn. Eng Gemeng déi awer sou ënnert dem „kriminellen Zoustand“ leid wéi d’Péitenger Gemeng, duerf och hei net Blannemännches dem Geschéie nokucken, fir dann herno un der Situatioun ze kapituléieren. Mir leien um Grenzgebitt zu Frankräich an der Belge, an d’Kriminalitéit mécht nunmol och op de Grenze keen Halt. Mir hunn als ADR fir e Policekonzept plädéiert, wou d’Policepräsenz um Terrain verstäerkt gëtt an ee konsequent Virgoen géint Drogendealerei, Abréch, Iwwerfäll, Gewaltexzesser, Bedruch an d’Heesche stattfënnt, d’Roll vum Pechert iwwerduecht gëtt, ons Streetworkeren déi mir jo „anscheinend“ hunn, méi visibel ginn, an d’Comissariat de Proximité’en nees vollwäerteg am Déngscht vun eise Bierger stinn. Och eng intressant Iddi, elo am Kontext vum Terrorismus.
Bleift nach e Wuert ze soen zu dem ominéise Sondage, deen d’Koalitioun bei dem „professionellen“ TNS Ilres Institut an Optrag wëll ginn, fir de Bols bei de Leit ze fillen, an de „bien-être“ vun eise Matbierger, eraus ze fannen: Gleeft mir wann ech Iech soen, datt mir keng sou „manipuléiert“ Sondage brauchen, mä einfach just en oppent Ouer, eng biergerno Politik wou mir d’Ängscht an d’Suergen vun de Leit eescht huelen, d’Leit iwwert d’Politik an d’Décisiounen informéieren, iwwert d’Stäerkung vum kommunale Referendum matabannen, an eng besser Bezéiung tëscht Wieler a Politiker schaafen.
Léif Frënn,
Mëssverstitt meng Ried net als Onofhängegkeetserklärung fir mäin Heemechtsduerf, mä als Zeeche vun enger Fundamentaloppositioun géint Ärt Aalparteiendenktum. D’ADR mécht sech staark, fir e grondleeënde Reformismus an der Péitenger Gemeng, an hëlt hir Oppositiounsroll mat beschtem Wëssen, Gewëssen an Häerze wouer. Mir si bereet fir de Stuerm op den zweete Gemengesëtz, a kämpfe bis zum finalen Datum fir d’Interesse vun eise Wieler, an eise Bierger, déi ons de Mutt ginn, fir dës Hürden op eisem politesche Wee, ze meeschteren.
Mir hunn et munchmol dach awer mat engem onfäege Gemengerot hei ze dinn, deen opgrond vu sengem sturen, verstëbsten, ideologeschem a verwuerzeltem Aalparteiendenktum, d’Chancë verspillt, den Idealismus verkennt, an déi wierklech Problemer verpeilt. A mir hunn et hei mat zwou Majoritéitsparteien ze dinn, d’CSV an d’LSAP, déi sech dës Gemeng zu Eege gemeet hunn, an d’Arroganz dobäi hunn, fir d’Gemeng an hirem Parteinumm ze féieren . Mir sinn hei, léif Kollegen, fir dësen ongesonden Zoustand sengem Enn méi no ze bréngen.
Mir als Alternativ Demokratesch Reformpartei, engagéieren ons fir eng Lokalpolitik déi nees hire Bierger déngt: vu gesonde Finanzen a propperem Haushalt ouni Steier- an Taxenerhéigungen déi de Portmonni vum Péitenger, Rodanger, a Rollenger plëmmen, nohalteg-cleveren Investitiounen ouni Scholdelaascht, Sueverbëtzen a Feelinvestitiounen, eng effizient Politik géint d’Kriminalitéit a fir méi Sécherheet, d’Rettung vun der Gemeng virum Verkéiersinfarkt mat enger Mobilitéit vun der Zukunft, ons Urfuerderung fir ons Lëtzebuerger Sprooch an déi richteg Auslännerintegratioun, eng gerecht Educatioun, eng familljefrëndlech Politik , sozial Gerechtegkeet a méi Aarbecht fir onser Leit, méi Demokratie op lokalem Plang an eng nohalteg Entwécklung. Et gelt d’Fauschtregel: Problem lokaliséieren, Problem analyséieren, Problem kanaliséieren. An dat och dann, wann de Sujet ee gewësse Mutt, oder eng gewëssen „onpopulär“ Moossnam erfuerdert.
Selbstverständlech, dir Dammen an dir Hären, léif Frënn, wäert d’ADR dëse Budget NET stëmmen. Mä elo mol éierlech, d’Hänn héich, déi vun Iech wierklech un dës Aalparteiepolitik gleewen? Ech wëll hei eng Kollegin vun Iech aus dem Käerjénger Gemengerotzitéieren, d’Madame Dr. Danielle Schmidt, déi dat heiten zu hirem Austrëtt aus der “sozialistescher Partei” sot – Zitat –“Ech sutz öfters do de Kapp ze rëslen. Ech wollt einfach lo kee Kopfnickert méi sinn. Ech denken och op nationalem Plang setzt d’LSAP eng Kopfnickerpolitik duerch.”
Villmools Merci fir d’Nolauschteren.
(Joe Thein)
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden