Freed a Liewensqualitéit fir eis eeler Matbierger

print

D’Erfarung an anere Länner huet gewisen, datt Déieren am Altersheem eng quasi therapeutesch Wierkung op eis eeler Matbierger hunn, déi duerch den Ëmgang mat eise 4-beenege Frënn spierbar méi Freed a Liewensqualitéit hunn. Den Zentrums-Deputéierte Roy Reding engagéiert sech am Kader vun enger parlamentarescher Fro dofir, dat esou Initiativen och sollen zu Lëtzebuerg méiglech sinn.