Mëttwoch, 12. Oktober 2016
Fernand Kartheiser: Lëtzebuergesch gehéiert an d’Verfassung!
Am Ufank vun der neier Chamber-Sessioun huet de Fernand Kartheiser e Gesetzvirschlag an der Chamber hannerluecht. Hie wëll eng punktuell Verfassungsrevisioun mam Saz „La langue du Luxembourg est le luxembourgeois“ . Dat ass Wuert fir Wuert den Text, deen och an der Verfassungsreform steet, déi kaum nach Chancen huet fir virun de nächste Chamberwalen 2018 ugeholl ze goen.
De Fernand Kartheiser huet och un eng aner Propositioun vum ADR-Deputéierte Roy Reding erënnert, deen d’Wierd vum Déier an der Constitutioun verankert wollt hunn.
- De Fernand Kartheiser erklärt firwat d’Lëtzebuerger Sprooch an den Déireschutz elo schonn an d’Verfassung gehéieren.
- De Gesetzvirschlag vum Fernand Kartheiser iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch an eiser Verfassung.
- De Roy Reding proposéiert d’Verfassungsännerung a Saachen Déiereschutz vum 13. Oktober 2015.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden