Dësen Artikel ass an der LW-Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

Mol wollt de Jean-Claude Juncker d‘Presidence vum Conseil vun der EU, da wollten se hien net. Mol hunn se hie geruff, dann huet hie gemengt, Lëtzebuerg kéint net op e verzichten. Esou blouf d‘Presidence vum Euro-grupp.

Lëtzebuerg kann houfreg sinn, „säi“ Mann un der Spëtz vun Europa gehat ze hunn. Oder ? Den Asaz fir d‘Land ass jiddefalls gewalteg! De Prêt u Griicheland, de Präbbeli EFSF, de Rettungsschierm ESM an aner Engagementer fir en Euro iwwer Waasser ze halen hu Lëtzebuerg iwwert 4 Milliarden Euro kascht.

Den Här Juncker ass Matresponsabel, datt Griicheland ënner falschen a gefälschte Viraussetzungen an d‘Euro-zon opgeholl ginn ass! Hien huet och d‘Austeritéitspolitik matbestëmmt, déi d‘griichescht Vollek (an dat vu Portugal, Spuenien…) an e grousse soziale Misär geheit.

Lëtzebuerg bezilt nach en anere Präis, well den Här Juncker europäesch Idealer a Lëtzebuerger national Interête schwéier ënner een Hutt konnt packen. Z.B. huet Lëtzebuerg am Dossier TVA um e-Commerce net säi Veto ageluecht. Dëst kascht d‘Land, vun 2015 un, ronn 800 Milliounen Euro d‘Joer. Den Här Juncker schléit dowéinst vir, d‘TVA hei bei ons ze héijen, eng besonnesch onsozial Moossnam.

Den Eurochef war och nach zu Lëtzebuerg Hobbystaatsminister. Net nëmmen den Geheimdéngscht huet en iwwerfuerdert, och vill Dossieren, déi zum Deel als „Chefsaach“ deklaréiert waren, si leie bliwwen: vu „simplification administrative“ iwwer Wunnengsbaupolitik bis zur Bekämpfung vum Chômage.