Säit 1985 ginn et „Europäesch Kulturhaaptstied“, an et kann een net ofstreiden, datt dës Initiativ een enorme Bäitrag zur Dynamik an zur Entwécklung vun der Kultur an de betreffende Länner geleescht huet a leescht. Leider kënnt d’Institutioun „Kulturhaaptstad vun Europa“ ëmmer erëm an d’Schlagzeilen, well souwuel bei der Wiel vun der Kulturhaaptstad wéi och bei der Organisatioun vum betreffende Kulturjoer den enorme Waasserkapp vun der Bréisseler Bürokratie an déi am Hannergrond aktiv Lobby-Gruppen an d’Spill kommen. 

Dobäi kënnt een aneren Ëmstand: Et ass bekannt, datt Stied oder Regiounen, déi „Europäesch Kulturhaaptstad“ wëlle ginn, professionell Beroder zu Rot zéien. Dës Beroder profitéieren dovun, datt d’EU un d’Kandidatestied esou komplex Fuerderunge stellt, datt d’Stied net vu sech aus deenen Uspréch gerecht kënne ginn. Dofir musse se „Experten“ akafen. Mee där ginn et net onendlech vill an der EU, dofir tauchen ëmmer erëm déiselwecht Beroder op, déi vun enger Kandidatestad zur nächster ofwanderen. Si wiesselen dann och oft hir Funktioun, entwéckele sech vun „Experten“ zu Jury-Memberen, déi iwwer d’Kandidature mat ofstëmmen. Vill vun hinne si souguer mat eegene Kooperatiounsprojete mat de Kandidatestied verbonnen, sou datt et oft zu Interessekonflikter kënnt. Dëse Manktem un Transparenz spigelt sech och bei der Auswiel vun de Projeten erëm, déi schliisslech an de Programm vum Kulturjoer opgeholl ginn.

Dëst Joer ass Esch, zesumme mat 18 Nopeschgemengen aus der Minett („ProSud“) an aus Frankräich, Kulturhaaptstad vun Europa, eng Éier, déi sech eis zweetgréisst Stad mat Kaunas (Litauen) an Novi Sad (Serbien) deele wäert. D’Attraktivitéit vun dëser 18-Gemenge-Regioun (200.000 Awunner) soll gestäerkt ginn, ganz besonnesch op touristeschem a wirtschaftlechem Plang, woubäi d’Skepsis, ob dës Regioun jeemools eng touristesch Groussmuecht duerstelle wäert, bei villen Analyste grouss ass.

Am Virfeld vun Esch2022 ass et schwéiergefall, d‘Mënsche fir dëse Megaprojet ze begeeschteren, an dat aus verständleche Grënn (Corona). Awer ass Corona wierklech eng Excuse? Schliisslech konnten d’Organisateuren aus iwwer 1000 Kandidaturen der ronn 140 auswielen, déi sech op iwwer 2000 Evenementer verdeelen. 1000 dovu fannen um Gebitt vun der Stad Esch statt. Nieft Esch steet all Mount eng aner Gemeng am Mëttelpunkt.

D’Ausso vu verschiddene Journalisten, et wiere keng wierklech uspriechend Projete bei Esch2022 derbäi, ass iwwerdriwwen. Iergerlech ass awer d’Leitmotiv vum Megaprojet „Esch2022“, nämlech „Remix Culture“, eng Formule, déi a véier Themeberäicher opgespléckt gëtt: „Remix Art“, „Remix Europe“, „Remix Nature“ und „Remix Yourself/Remix Identity“. Donieft ginn et nach aner „Remix“-Deklinatiounen, wéi zum Beispill „Remix Place“, „Remix Science“ oder „Remix Your Story“. Alles gëtt iergendwéi „ge-remixt“. Mee wat huet ee sech eigentlech ënner „Remix“ virzestellen? A souguer déi, déi sech mat elektronescher Danzmusek oder Hiphop auskennen, hu warscheinlech Problemer, ze definéieren, wat een ënner „Remix Yourself“ oder „Remix Nature“ ze verstoen huet.

D’ADR huet bis elo véier parlamentaresch Froen zu Esch2022 gestallt. Hei kënnt Dir se noliesen: