Eng Zukunft fir Lëtzebuerg op Lëtzebuergesch

print

D’Debatt iwwer eis Nationalsprooch ass nees voll amgaang, mat enger Säit, déi mordikus d’Roll vum Lëtzebuergesche wëllt agrenzen, an enger aner Vue vun der Zukunft vu Lëtzebuerg, bei där eis Sprooch de Schlëssel ass. Als Invité vun der Regierung war haut de Fernand Kartheiser an enger „Tribune libre“ zu deem Thema op RTL an op 100Komma7 ze héieren. Fir hien ass eng erfollegräich Schoul enk mat dem Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch verknäppt.