D’POST huet eng Online-Ëmfro a véier Sprooche gemaach, awer net op Lëtzebuergesch. De Fred Keup freet déi zoustänneg Ministeren:

Fro:

De 17. November huet d‘POST Luxembourg, an där hirem Verwaltungsrot aacht Vertrieder vum Staat sëtzen, en Online-Sondage verschéckt ënnert dem Titel „Vos attentes – Ihre Erwartungen – Your expectations – As suas expectativas“. Wéi den Titel scho weist, ass dës Ëmfro just a véier Sprooche verschéckt ginn: op Franséisch, op Däitsch, op Englesch an op Portugisesch, awer net op Lëtzebuergesch, wat verwonnerlech ass, well Lëtzebuergesch jo déi offiziell Landessprooch vun eisem Land ass a well d’Regierung am Mäerz 2017 an engem Strategiepabeier fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch 40 Mesurë festgehalen hat, déi et erlabe sollten, mëttel- a laangfristeg Initiativen ze ergräifen, fir d’lëtzebuergesch Sprooch an der Bevëlkerung méi staark ze verankeren.

An deem Kontext hunn ech folgend Froen un d’Häre Minister:

  • Gëtt et en offiziellt Reglement, dat d’Verwaltungen, Servicer an Etablissements publics unhält, Dokumenter, Informatiounen, Ëmfroen, asw. an den dräi Verwaltungssprooche vum Land erauszeschécken? Wa jo: Firwat ass dat bei dëser Ëmfro net gemaach ginn? Wann nee: Gëtt d’Regierung Uweisungen un d’Verwaltungen, Servicer an Etablissements publics, fir esou Dokumenter an den dräi Verwaltungssprooche vum Land erauszeschécken? Wann nee: Firwat gëtt dat net vun der Regierung gemaach? Ass dat kompatibel mam uewe genannte 40-Punkte-Plang fir d’Lëtzebuerger Sprooch?