Am Virfeld vun der Ausstellung „Le passé colonial du Luxembourg“, déi vum 8. Abrëll bis zum 6. November 2022 am MNHA stattfanne wäert a bei där et ëm d’Aktivitéit vu verschiddene Lëtzebuerger am « Congo belge » geet, liest een um Site vum Nationalmusée: Le colonialisme était également présent dans la société luxembourgeoise du milieu du 19e siècle jusqu’aux années 1960, influençant aussi bien la politique, l’économie que la culture du pays.” Weider heescht et: “Des Luxembourgeois ont aussi participé à l’exploitation meurtrière du caoutchouc au Congo à l’époque du Roi des Belges Léopold II (1885-1908) qui fit plusieurs millions de morts.” Zum Schluss vun deem Presentatiounstext heescht et lapidar: “Cette exposition montre que le Luxembourg a bel et bien un passé colonial.” Ass d’Regierung der Meenung, datt Lëtzebuerg als Staat eng kolonial Geschicht huet?