Mëttwoch, 21. Abrëll 2021
En Attest vum Dokter gëtt net berécksiichtegt?
Et sinn Dokteren, déi hire Patienten en Attest fir d’Impfung ausstellen, an deem de Gesondheetszoustand an d’Grondlag vu relevante medezineschen Date vum Patient berécksiichtegt ginn, fir en Impfstoff ze recommandéiere bezéiungsweis dovun ofzeroden. D’Impfpersonal am Impfzenter géing dës Attester awer net respektéieren, heescht et. Der Santé no soll de Grond dee sinn, „datt net genuch Impfmëttel vun allen Hiersteller verfügbar sinn“, fir dorop Récksiicht ze huelen.
An deem Kontext huet de Jeff Engelen eng Rei Froen un d’Gesondheetsministesch an de Premierminister gestallt, fir d’Transparenz an d’Organisatioun vun der Impfprozedur ze hannerfroen.
Kalenner
Es sind keine Termine vorhanden